Van Rooijen nei Europameeschtesch bei den Espoiren, Marie Schreiber gëtt 38.

© Photo by DIRK WAEM / BELGA / AFP
101,4 flaach Kilometer hunn d'Cyclistinne misste vun Heusden-Zolder op Hasselt hannert sech bréngen.
D’Hollännerin Sofie van Rooijen gewënnt am Sprint. Sëlwer gëtt et fir d'Scarlett Souren och aus Holland. Op déi 3. Plaz kënnt d'Eleonora Camilla Gasparrini aus Italien, d'Marie Schreiber fiert als 38. zäitgläich mat der Gewënnerin iwwer d'Arrivée.
De Verlaf vun der Course
101 Kilometer Course stounge fir d'Espoir Dammen e Freideg de Moien um Programm. Den Depart war zu Heusden-Zolder, dono ass et op de flaache Circuit an de Stroosse vun Hasselt gaangen. Fréi an der Course hate sech zwou Dammen ofgesat. D'Mikka Holm aus Dänemark an d'Tschechin Nela Slavikova kruten eng Avance vu bis zu 3 Minutten, dono huet de Peloton awer ugefaangen, ze reagéieren, an déi zwee nees agefaangen. Et waren d'Ekippen aus Holland an der Belsch, déi dacks an den éischte Positiounen ze gesi waren.
D'Marie Schreiber huet sech gutt am Peloton verstoppt an ofgewaart. Eng éischte Kéier huet si hir Konkurrenz eng Ronn 30 Kilometer virun der Arrivée getest. Dono huet een d‘Lëtzebuerger Championne dacks an Aktioun gesinn. 20 Kilometer virum Zil ass déi Schwäizer Ekipp op e Grupp mam d‘Marie Schreiber zou gefuer. Op de leschte Kilometer konnte keng Damme sech ofsetzen an et ass zum Sprint komm, bei deem eben d'Hollännerin sech gutt positionéiert haten an eng vun hire Cyclistinnen, d'Sofie van Rooijen, sech den Titel séchere konnt. Fir d'Lëtzebuergerin war et um Enn Plaz 38, zäitgläich mat der Gewënnerin.
D'Top 10
1 VAN ROOIJEN Sofie Netherlands 2:26:21
2 SOUREN Scarlett Netherlands ,,
3 GASPARRINI Eleonora Camilla Italy ,,
4 JORDÁN Dorka Hungary ,,
5 TVEIT Nora Norway ,,
6 RUIZ PÉREZ Lucía Spain ,,
7 BOBNAR Nika Slovenia ,,
8 RUIZ PÉREZ Laura Spain ,,
9 TRACKA Maja Poland ,,
10 WANKIEWICZ Olga Poland ,,
...
38 SCHREIBER Marie Luxembourg ,,