Eng véierte Plaz ass fir de Lëtzebuerger bei der Course iwwer 162 Kilometer vu Hausden-Zolder op Hasselt erausgesprongen.

E Freideg de Mëtteg stoung d'Coursse vun den Espoir-Männer zu Hasselt um Programm. Lëtzebuerg war mat sechs Coureure vertrueden. De Mats Wenzel, Arno Wallenborn, Noé Ury, Mil Morang, Mathieu Kockelmann an Alexandre Kess haten iwwer déi ganz Saison gutt Resultater a wollten och op der EM e Wuert matschwätzen. Am Géigesaz zu den Dammen de Moie war de Parcours awer e gutt Stéck méi selektiv. Nodeems d`Coureure vun Heusden-Zolder op der Parcours vun Hasselt komm sinn, war deen zwee Mol ze fueren. Dono ass een awer vun deem erof op e Circuit mat Pavé a klenge gëftege Koppe gefuer. Aus Lëtzebuerger Sicht hat sech de Mats Wenzel kuerz nom Depart mat enger Echappée ofgesat.

Déi siwe Coureure kruten awer net méi wéi 30 Sekonne Virsprong op de Peloton. Kuerz éier et op den éischte Secteur Pavé gaangen ass, war de Peloton nees zesummen. Iwwer déi 162 Kilometer, déi d`Course laang war, ass et ni roueg ginn. Nodeems de Mats Wenzel agefaange war, konnt sech den Alexandre Kess mat engem Grupp ronderëm de Cyclocross Weltmeeschter aus Holland Tibor del Grosso ofsetzen.

Am Laf vun de Kilometer ass de Spëtzegrupp ëmmer méi kleng ginn, den Alexandre Kess huet misse lassloossen an de Mats Wenzel aus dem Peloton erausgefuer, fir Vir kënnen opzeschléissen. Zu deem Ament hate sech aus dem Spëtzegrupp dräi Coureuren ofgesat.

De Mats Wenzel huet gekontert a ass laang mam Schwäizer Fabian Weiss hannendru gefuer. Si koume bis op 16 Sekonnen un de Spëtzentrio erun, konnte si awer net méi anhuelen. Esou geet den Titel vun den Hollänner Huub Artz, fir den Däitschen Niklas Behrens ass et Sëlwer an de Léandre Lozouet aus Frankräich kritt Bronze. De Mats Wenzel huet als 4. de Podium just knapp verpasst.

RTL

© Photo by DIRK WAEM / BELGA MAG / Belga via AFP

Reaktiounen no der Course

No 4. Plaz op der EM: De Mats Wenzel am Interview
De Lëtzebuerger hat bei der Stroossecourse bei den Espoiren de Sprong op de Podium just ganz knapp verpasst.
Cyclissem-EM: Interview mam Nationaltrainer Jempy Drucker
De fréiere Profi a Sprintspezialist kann zefridde mat de Resultater vun de Lëtzebuerger sinn.

D'Top 10 

1 ARTZ Huub Netherlands 3:22:33
2 BEHRENS Niklas Germany ,,
3 LOZOUET Léandre France 0:10
4 WENZEL Mats Luxembourg 0:32
5 WEISS Fabian Switzerland 0:34
6 PEDERSEN Rasmus Søjberg Denmark 1:53
7 DEL GROSSO Tibor Netherlands ,,
8 GAUTHERAT Pierre France ,,
9 DE SCHUYTENEER Steffen Belgium 2:02
10 KOPECKÝ Matyáš Czech Republic 2:15
...
19 KOCKELMANN Mathieu Luxembourg 2:48
26 MORANG Mil Luxembourg ,,
76 KESS Alexandre Luxembourg 3:00
92 WALLENBORN Arno Luxembourg 3:11
95 URY Noé Luxembourg ,,

Impressiounen aus der Course

Cyclissem-EM: D'Arrivée zu Hasselt
De Mats Wenzel an de Fabian Weiss konnten de Spëtzentrio net méi afänken.
Cyclissem-EM: De Mats Wenzel um Wee Richtung Arrivée
De Lëtzebuerger huet bei den Espoiren de Sprong op de Podium just knapp verpasst.