Vun e Mëttwoch bis e Sonndeg gëtt déi nächst Editioun vum Tour de Luxembourg gefuer. Op RTL kënnt Dir all Etapp live suivéieren.

Mam aktuelle Weltmeeschter Mathieu van der Poel huet ee vun de ganz grousse Stare seng Participatioun fir d'Course confirméiert. Fir den Hollänner ass et déi éischte Kéier, dass hien op de Stroossen zu Lëtzebuerg mat dobäi ass. No gudde Resultater an de Fréijoersklassiker, wou hien ënner anerem Paris-Roubaix an den Tour de Flandres gewonnen huet, sollt him d'Streckeféierung vum Tour de Luxembourg entgéintkommen.
 
Och de Vainqueur vum leschte Joer, Marc Hirschi, ass nees dobäi a wäert sech besonnesch d'Kinneksetapp ronderëm Dikrech den nächste Freideg méi genee ugekuckt hunn.
 
Ma och d'Lëtzebuerger Supporter dierfe sech freeën, mam Kevin Geniets an dem Bob Jungels sinn 2 Lëtzebuerger mat um Depart, déi dëst Joer och beim Tour de France mat dobäi waren. An och den Alex Kirsch ass mat enger staarker Ekipp vu Lidl-Trek mat vun der Partie. Ënnert anerem mat dobäi ass den Top-Sprinter Mats Pedersen.
 
Mat Depart an Arrivée e Mëttwoch am Kär vun der Stad ginn d'Organisateuren zeréck un d'Wuerzele vum Tour de Luxembourg. Ma net mat engem Prolog, mee mat enger Etapp vum Knuedler iwwer Veianen a Buerschent zeréck op de Fëschmaart. Déi zweet Etapp ass éischter fir d'Sprinter, éier dann op der 3. an der 4. Etapp souwuel d'Experten am Bierg wéi och d'Zäitfuerspezialiste gefrot wäerte sinn. Déi grouss Arrivée vum Tour de Luxembourg ass wéi gewinnt um Lampertsbierg.
 
De Moment gesäit et sou aus, wéi wa ganzer 9 Lëtzebuerger Coureuren um Depart wieren, ma mat der Ënnerstëtzung vun de Supporter si gutt Resultater méiglech.

RTL ass vum nächste Mëttwoch un all Dag live fir Iech mat dobäi.