Felix Kristoff séierste bei de Junioren, Yannis Lang beschte Lëtzebuerger

© Photo by DIRK WAEM / BELGA / AFP
D'Junioren haten e Samschdeg de Moien zu Hasselt an der Belsch op der EM am Vëlossport eng Distanz vun 129,7 Kilometer ze fueren.
Fréi an der Course hate sech aacht Coureuren ofgesat, dorënner direkt e puer Favoritten op den Titel. De Spëtzegrupp hat nom éischte Secteur Pavé eng Avance vun 30 Sekonnen. De Flavio Astolfi, Jonah Flammang, Yannis Lang an Arnaud Noirhomme waren zu deem Ament eng 68 Kilometer virun der Arrivée am Peloton. Virum 2. Secteur Pavé war d'Echappée nees agefaangen an den Peloton an e puer Stécker .
Dräi Coureure hu sech kuerz drop ofgesat a sollte bis op d'Arrivée net méi agefaange ginn. Op de leschte Meter war den Norweger Felix Kristoff dee Séiersten. Déi 2. Plaz war fir de Spuenier Héctor Alvarez. Bronze war fir de Fransous Paul Seixas. De Yannis Lang konnt sech am éischte Peloton als 35. mat engem Retard vun 51 Sekonne klasséieren. De Jonah Flammang ass als 44. an der selwechter Zäit ukomm. Fir de Flavio Astolfi war et déi 87. Plaz op 07:40. Den Arnaud Noirhomme ass als 107. ukomm
D'Resultat vun der Course
1 ØRN-KRISTOFF Felix Norway 2:40:40
2 ÁLVAREZ Héctor Spain ,,
3 SEIXAS Paul France ,,
4 VAN STRIJTHEM Matijs Belgium 0:15
5 VANDEVORST Nio Belgium ,,
6 LEWANDOWSKI Dawid Poland ,,
7 PETRIČ Bastian Slovenia ,,
8 MELLANO Ludovico Maria Italy ,,
9 SCHAPER Joeri Netherlands ,,
10 MOLENAAR Ko Netherlands 0:17
...
35 LANG Yannis Luxembourg ,,
44 FLAMMANG-LIES Jonah Luxembourg ,,
87 ASTOLFI Flavio Luxembourg 7:40
107 NOIRHOMME Arnaud Luxembourg 7:44