
Dat hunn déi international Vëlosfederatioun UCI an d’Organisateure vun der WM e Freideg matgedeelt.
Déi 18 Joer al Cyclistin war en Donneschdeg wärend der Course gefall a gouf uerg um Kapp blesséiert. Si gouf mam Rettungshelikopter an d’Klinik bruecht an noutoperéiert. Wat genee bei der Chute passéiert ass, doriwwer ass nach näischt weider gewosst. D’Chute ass eng 10 Kilometer vun hirer Wunnplaz ewech geschitt.