No 135,6 Kilometer huet sech d'Hollännerin virum Lotte Kopecky duerchgesat. D'Christine Majerus an d'Marie Schreiber hu sech an den Top 20 klasséiert.

Fir déi 3. Kéier gouf et eng Gravel-Weltmeeschterschaft, dëst Joer war de Parcours an der Belsch mat der Arrivée zu Louvain.

Mam Marianne Vos a Lotte Kopecky haten sech zwou vun de Favoritinnen ofgesat an hunn den Titel ënnert sech ausgemaach. D'Hollännerin Marianne Vos hat um Enn d'Nues knapp virum Lotte Kopecky aus der Belsch vir, déi bei de Weltmeeschterschaften op der Strooss nach den Titel gewonnen hat. De Podium gouf vun der anerer Hollännerin Lorena Wiebes komplettéiert.

Aus Lëtzebuerger Siicht waren zwou Fuererinnen dobäi. D'Christine Majerus ass op der 12. Plaz iwwert d'Arrivée gefuer. D'Marie Schreiber huet sech an der selwechter Zäit 4 Plazen hannendru klasséiert.

D'Klassement vun der Course

1 VOS Marianne 4:01:07
2 KOPECKY Lotte 4:01:08
3 WIEBES Lorena 4:05:04
4 PIETERSE Puck 4:05:16
5 KASPER Romy 4:05:22
6 PALADIN Soraya 4:07:07
7 MARKUS Riejanne 4:07:11
8 MARKUS Femke 4:09:59
9 NORSGAARD BJERG Emma Cecilie 4:09:59
10 BRAND Lucinda 4:10:00
11 TRUYEN Marthe 4:10:00
12 MAJERUS Christine 4:10:00
...
16 SCHREIBER Marie 4:10:00