Nieft der Lëtzebuerger Championne waren nach d'Maïté an d'Layla Barthels zu Nommay um Depart an hunn och gutt Resultater realiséiert.

Den Optakt an déi nei Cyclocross-Saison ass dem Marie Schreiber gegléckt. Beim Cyclocross zu Nommay a Frankräich, enger Manche vun der Coupe de France, konnt d'Lëtzebuerger Championne hir Konkurrenz kloer dominéieren.

Si hat no e bësse méi wéi 47 Minutte Course eng Avance vu 50 Sekonnen op déi franséisch Championne Hélène Clauzel. Déi 3. Plaz war fir dat franséischt Talent Célia Gery. D'Maïté Barthels konnt sech op der gudder 13. Plaz klasséieren. Hir Schwëster Layla koum op déi 20. Plaz.
 
An 2 Woche steet d'Europameeschterschaft am Cyclocross a Spuenien um Programm. E Sonndeg gëtt hei am Land zu Munneref déi nächst Manche vum Skoda Cross Cup gefuer.