
Si huet d’Konschtstéck fäerdeg bruecht, fir d’Weltmeeschterinn Fem Van Empel hannert sech ze loossen.
D’Nacht van Woerden gëtt traditionell owes gefuer. Beim Depart aus der éischter Réi hat d’Marie Schreiber e puer Plaze verluer an huet sech op dem séiere Parcours mat ville Kéieren am Laf vum 2. Tour no vir geschafft. Am 3. Tour huet si sech un d’Spëtzt gesat a probéiert, déi aner ze testen. Brand, Van Empel, Vas an Van der Heijden sinn awer dru bliwwen.
No e puer Positiounswiessel ass d’Entscheedung an de leschten zwee Tier gefall. Nodeems d’Lëtzebuerger Championne nach eemol forcéiert hat, huet d’Fem van Empel e Feeler gemaach an huet misse lassloossen.
D’Entscheedung ëm d’Victoire ass tëscht Brand a Schreiber gefall. Am leschten Tour hat déi hollännesch Championne e bësse méi Reserven an ass mat enger klenger Avance virum Marie Schreiber iwwer d’Arrivée gefuer. D’Fem Van Empel ass als Drëtt mat op de Podium geklommen.
E Sonndeg geet d’Marie Schreiber beim internationale Cross zu Conter un den Depart, eng Woch drop start si da bei der Europameeschterschaft a Spuenien.
1 BRAND Lucinda
2 SCHREIBER Marie 0:05
3 VAN EMPEL Fem 0:11
4 VAS Blanka Kata 0:14
5 VAN DER HEIJDEN Inge 0:20
6 VAN ALPHEN Aniek 0:55
7 WIEBES Lorena 1:33
8 BAKKER Manon ''
9 VERDONSCHOT Laura 1:38
10 BARONI Francesca 1:44