De positiven Trend vun der lëtzebuergescher Fuererin geet weider. Bei den Häre war et eng Victoire vum Fransous Timothé Gabriel.

Beim internationale Cyclocross zu Conter gëtt et bei den Dammen eng Victoire fir d'Lëtzebuerger Championne Marie Schreiber. Et ass déi drëtt Victoire a bis elo véier Crossen, déi si an dëser Saison gefuer ass.

Op dem schwéiere Circuit zu Conter konnt sech d'Marie Schreiber schonn am éischten Tour ofsetzen an huet hir Avance ëmmer weider ausgebaut, fir um Enn vun der Course mat engem Virsprong vun iwwer 5 Minutten ze gewannen. Op déi 2. an 3. Plaz sinn e Sonndeg de Mëtteg d’ Belsch Alexe de Raedemaeker a Joyec Vanderbeken gefuer.

Fir d’Maïté Barthels war et déi 5. Plaz. D’Layla Barthels an d'Gwen Nothum konnte sech op de Plaze 7 an 8 klasséieren.

No den Dammen an de Jugendkategorië goufen d'Elite an d'Espoiren op de Parcours geschéckt. Bei den Häre goung d'Victoire un de Fransous Timothé Gabriel, d'Podiumsplaze ware fir de Belsch Arne Baers an den Théo Thomas aus Frankräich. De Rick Meylender gouf als 20. beschte Lëtzebuerger.

Bis op de leschten Tour sinn de Baers, Gabriel an Thomas zesumme bliwwen. Den Thomas huet attackéiert a konnt sech ofsetzen. D'Ketten ass him awer erofgefall an doropshi sinn de Gabriel an de Baers laanscht hie gefuer. Um Enn war de Gabriel de Séiersten.

An der Kategorie vun de Junioren huet sech de Fransous Florian Fery kloer virum den zwee Belsch Thomas Verdonck a Stan van Looy duerchgesat. Beschte Lëtzebuerger war de Jonah Flammang-Lies op der 11. Plaz.

Bei den Debutante war de Belsch Jules van Oirbeek de Séiersten. Mat um Podium stounge mam Loris Morbé an dem Tunn Sinner zwee Lëtzebuerger.

Nächste Weekend geet d'Marie Schreiber zu Pontevedra a Spuenien un den Depart vun der U23-EM. Dës Course kënnt Dir live bei eis op RTL am Livestream kucken.