En Dënschdeg den Owend huet déi Lëtzebuerger Vëlosfederatioun hir Selektioun fir d'Cyclocross-Weltmeeschterschaft zu Liévin a Frankräich bekanntginn.

Liévin läit am Norde vu Frankräich am Departement Pas-de-Calais, ronn 330 Kilometer vu Lëtzebuerg ewech. Nieft dem Marie Schreiber, déi e Sonndeg um 13:05 Auer an der U23 Kategorie vun den Dammen un den Depart geet, sinn et nach déi zwee Juniore Jonah Flammang Lies a Lennox Papi, déi selektionéiert goufen. Hir Course ass och e Sonndeg, den Depart vun der Juniors Course ass um 11:05 Auer.

Donieft hunn déi Responsabel vun der FSCL awer och déi néi Tenuë virgestallt. Nodeems ee laang Joren an de bloen Trikote gefuer ass, wiesselt ee lo d'Faarwen op rout. Dat war och schonn an der Vergaangenheet mol de Fall. Am Joer 2007 war de Frank Schleck sou zum Beispill zu Stuttgart bei der Stroosse Weltmeeschterschaft an enger deemools rouder Tenue hannert Bettini, Kolobnew a Schumacher op déi excellente véierte Plaz gefuer. Bei den olympesche Spiller 2004 zu Athen war et am roude Maillot vun der FSCL déi sechst Plaz fir de Kim Kirchen. Och hei hat de Vainqueur deemools Paulo Bettini geheescht.
 
E Freideg war d'Marie Schreiber bei der Reconnaissance vum Parcours zu Maasmechelen an der Belsch gefall an hat sech un de Rëppen an der Hand blesséiert. Daags drop konnt si sech an der Course trotz engem platten Boyau an engem ongënschtege Moment nach als Néngt klasséieren. E Sonndeg zu Hoogerheide an Holland huet si awer no enger weiderer Chute missen opginn. Den Owend huet d'Lëtzebuerger Championne ,déi am Dezember zu Hulst an Holland hiren éischte Weltcup Cross konnt gewannen, erzielt, datt si sech scho besser fillt an et no engem Besuch bei hirem Osteopath och manner wéi hätt. Bis e Sonndeg misst et nees eenegermoosse goen.