De Romain Grégoire setzt sech duerch, 40. Plaz fir de Michel Ries

© AFP
Bei der 25. Editioun stoungen a Frankräich ronn 166 Kilometer ronderëm Guilherand-Granges um Programm.
De jonke Fransous Romain Grégoire vu Groupama - FDJ huet sech um Enn e puer Sekonnen virun den anere Coureure duerchgesat. De Marco Brenner aus Däitschland an den Italiener Lorenzo Fortunato hunn de Podium mat engem Retard vun 3 Sekonne komplettéiert. Mam Juan Ayuso huet de Vainqueur vum leschte Joer et op déi 10. Plaz gepackt.
De Michel Ries war als eenzege Lëtzebuerger mat um Depart. Hien ass als 40. iwwer d'Zillinn gefuer, dat mat engem Réckstand vun 3 Minutten an 21 Sekonnen.
D'Top 10
1 GRÉGOIRE Romain Groupama - FDJ 4:13:22
2 BRENNER Marco Tudor Pro Cycling Team 0:03
3 FORTUNATO Lorenzo XDS Astana Team ,,
4 CHAMPOUSSIN Clément XDS Astana Team 0:07
5 SCARONI Christian XDS Astana Team 0:08
6 SKJELMOSE Mattias Lidl - Trek 0:10
7 ROMO Javier Movistar Team 0:22
8 MCNULTY Brandon UAE Team Emirates - XRG ,,
9 MAS Enric Movistar Team 0:31
10 AYUSO Juan UAE Team Emirates - XRG 0:41
...
40 RIES Michel Arkéa - B&B Hotels 3:21