Iwwer 195 Kilometer ass et vu Bruges op De Panne gaangen.

Beim Semi-Klassiker Bruges-De Panne konnt sech e Mëttwoch de Kolumbianer Sebastian Molano no 195 Kilometer am Sprint géint den Italiener Jonathan Milan behaapten.

Den Arthur Kluckers ass den 98. op 2 Minutten an 3 Sekonne ginn. Den Alex Kirsch huet opginn.

An der Schlussphas hat eng Aktioun vum Top-Sprinter Jonathan Milan fir Opreegung gesuergt. An enger hektescher Finall war den Italiener mat sengem Konkurrent Alexander Kristoff uneneegeroden, woubäi si sech beréiert hunn. De Milan huet mat engem Kappstouss géint den Norweger reagéiert. D'Jury huet dat onsportlecht Verhale vum Milan no der Course bestrooft. Hie krut eng Giel Kaart.

Zur Erënnerung: Zwou Giel Kaarten an enger Eendagescourse oder enger Etappecourse féieren zur Disqualifikatioun an enger Spär vu siwen Deeg. Sechs Giel Kaarte bannent engem Joer bedeite souguer eng Spär vun 30 Deeg.

D'Resultat vun der Course

1 MOLANO Juan Sebastián UAE Team Emirates - XRG 4:07:23
2 MILAN Jonathan Lidl - Trek ,,
3 MIHKELS Madis EF Education - EasyPost ,,
4 BAUHAUS Phil Bahrain - Victorious ,,
5 BLIKRA Erlend Uno-X Mobility ,,
6 KANTER Max XDS Astana Team ,,
7 RENARD Alexis Cofidis ,,
8 REX Laurenz Intermarché - Wanty ,,
9 GROENEWEGEN Dylan Team Jayco AlUla ,,
10 WELSFORD Sam Red Bull - BORA - hansgrohe ,,
...
98 KLUCKERS Arthur Tudor Pro Cycling Team 2:03
DNF KIRSCH Alex Lidl - Trek -