Op der Biergetapp vun Heiden op Piuro an Italien goung et iwwer 193,2 Kilometer iwwert e Col vun der éischter Kategorie.

Waren déi éischt 110 Kilometer vun der véierter Etapp nach eenegermoosse flaach, sou huet am leschten Drëttel vum Parcours déi éischt grouss Schwieregkeet vun dësem Tour gewaart. Iwwer 8,8 Kilometer goung et den 2.114 Meter héije Splügenpass erop - an der Moyenne 7,4 Prozent géi, mat enger maximaler Pente vun 18,5 Prozent.

Um Enn gouf et eng Victoire en solitaire fir de Joao Almeida. Op der Arrivée hat de Portugis eng Avance vu 40 Sekonnen op de Britt Oscar Onley a vun 42 Sekonnen op den Australier Ben O'Connor. Déi béid Lëtzebuerger Bob Jungels (+14:10) a Luc Wirtgen (+20:14) koumen op déi 50. respektiv 94. Plaz.

Am General bleift de Romain Grégoire virop. De Fransous huet 25, respektiv 29 Sekonne Virsprong op seng Landsmänner Kévin Vauquelin a Julian Alaphilippe. Hei ass de Bob Jungels den 83. op 39 Minutten an 19 Sekonnen an de Luc Wirtgen den 107. op 47 Minutten a 46 Sekonnen.

Top 10 vun der Etapp:

1 ALMEIDA João UAE Team Emirates - XRG 4:10:19
2 ONLEY Oscar Team Picnic PostNL 0:40
3 O'CONNOR Ben Team Jayco AlUla 0:42
4 VAUQUELIN Kévin Arkéa - B&B Hotels 1:00
5 GRÉGOIRE Romain Groupama - FDJ 1:00
6 GALL Felix Decathlon AG2R La Mondiale Team 1:00
7 VAN WILDER Ilan Soudal Quick-Step 1:02
8 CHAMPOUSSIN Clément XDS Astana Team 1:02
9 ALAPHILIPPE Julian Tudor Pro Cycling Team 1:02
10 KÄMNA Lennard Lidl - Trek 1:02

Generalklassement no 4 vun 8 Etappen:

1 GRÉGOIRE Romain Groupama - FDJ
2 VAUQUELIN Kévin Arkéa - B&B Hotels 0:25
3 ALAPHILIPPE Julian Tudor Pro Cycling Team 0:29
4 O'CONNOR Ben Team Jayco AlUla 0:56
5 KÄMNA Lennard Lidl - Trek 1:20
6 CASTRILLO Pablo Movistar Team ,,
7 ALMEIDA João UAE Team Emirates - XRG 2:07
8 ONLEY Oscar Team Picnic PostNL 2:53
9 GALL Felix Decathlon AG2R La Mondiale Team 3:23
10 CHAMPOUSSIN Clément XDS Astana Team 3:25