Bei der Presentatioun vun der Ekipp fir d'Grande Boucle 2025 gëtt op d'Déngschter vum Lëtzebuerger Champion am Zäitfuere verzicht.

Net op der Lëscht vun de Coureuren, déi fir d'Ekipp vun Ineos Grenadiers un den Depart wäerte goen, steet de Bob Jungels. Op RTL-Nofro hin huet de Lëtzebuerger Champion am Zäitfuere confirméiert, dass hien nëmmen an der Reserve wier. Hei den offizielle Kader fir den Tour 2025:

Ugefouert gëtt d'Team vum Kapitän Carlos Rodriguez a vum fréieren Tour-Gewënner Geraint Thomas. Ineos Grenadiers sinn dat Team, dat seng Ekipp fir den Tour de France 2025 als lescht presentéiert huet.