Sprint-Victoire fir d'Nienke Veenhoven, Marie Schreiber am Peloton virbäi

© AFP
D'Lëtzebuerger Coureuse fält am General ëm zwou Plazen, wärend d'Charlotte Kool weider a Giel bleift.
E Freideg ass d'Decisioun op der zweeter Etapp vum Baloise Ladies Tour am Sprint gefall. No 127.3 Kilometer hat d'Hollännerin Nienke Veenhoven nach déi meeschte Kraaft an de Been a konnt sech op der Arrivée virun der Italienerin Barbara Guarischi an der Polin Karolina Kumiega duerchsetzen. D'Marie Schreiber ass mat der selwechter Zäit als 14. ukomm.
Am General bleift d'Hollännerin Charlotte Kool weider Leaderin, dat mat engem Ecart vu fënnef Sekonnen op d'Nienke Veenhoven an aacht Sekonnen op d'Zoe Bäckstedt. D'Marie Schreiber fält mat engem Réckstand vun 13 Sekonnen op déi 6. Plaz zréck.
D'Klassement vun der 2. Etapp
1. VEENHOVEN Nienke 3:01:30
2. GUARISCHI Barbara ,,
3. KUMIEGA Karolina ,,
4. CONSONNI Chiara ,,
5. COPPONI Clara ,,
6. FORTIN Valentine ,,
7. KOOL Charlotte ,,
8. VAN EYNDE Fien ,,
9. BEULING Femke ,,
10. LOPEZ Marga ,,
...
14. SCHREIBER Marie ,,
De General
1. KOOL Charlotte 6:08:18
2. VEENHOVEN Nienke 0:05
3. BÄCKSTEDT Zoe 0:08
4. VAN DIJK Ellen 0:10
5. GUARISCHI Barbara ,,
6. SCHREIBER Marie 0:13
7. GOOSSENS Marthe 0:14
8. VIGIÉ Margaux 0:15
9. CONSONNI Chiara ,,
10. MARKUS Femke 0:16