Bei den Espoire konnte sech d'Live Wenzel an den Noa Berton iwwer de Championstitel am Mountainbike freeën.

Op den nationale Meeschterschaften am Mountainbike am Réiserbann geet den Titel e Samschdeg bei den Dammen Elite un d'Fabienne Schaus. Op d'Plazen zwee an dräi sinn d'Elisa Kockelmann an d'Charlotte Wild gefuer.

Bei den Hären Elite heescht den neie Champion Ken Conter. Hien huet sech virum Lucas van den Abeele an dem Champion vun zejoert Tijay Heinen duerchgesat.

Bei den Espoir Dammen huet sech d'Liv Wenzel de rout-wäiss-bloe-Maillot geséchert. Op déi zweete Plaz ass d'Malou Bollig gefuer. Bei den Espoir Hären huet sech den Noa Berton den Titel geséchert. Sëlwer a Bronze sinn un de Jonathan Kalweit an de Juan van Lelyveld gaangen. 
 
Bei de Juniorinne war d'Kylie Bintz déi Séierst. Bei de Juniore war déi éischt Plaz fir de Maximilien Outlet.

Bei den Débutants waren déi éischt Plaze fir de Ben Fleming an d'Sarah Koenig. Bei de Cadets hunn de Louis Baustert an d'Enola Walch gewonnen. Bei de Minimes waren déi éischt Plaze fir de Mathis Elsen an d'Lyel Hever.

A bei de Masters stoungen d'Suzie Godart an de Claude Wolter ganz uewen um Podium.

Organiséiert gouf d'Championnat vum Veräin Toproad Réiserbann am Hiddelbësch.

Alleguer d'Resultater am Iwwerbléck