Een Dag virum Roudag ass um Sonndeg déi 15. Etapp iwwer 169 Kilometer vu Muret op Carcassonne gefuer ginn.

De Belsch Tim Wellens konnt sech um Enn en solitaire duerchsetzen. Hien huet sech ronn 43 Kilometer virun der Arrivée aus der Echappée ofgesat a gouf net méi ageholl. Op d'Plazen 2 an 3 koumen de Victor Campenaerts mat engem Réckstand vun enger Minutt an 28 Sekonnen an de Julian Alaphilippe mat engem Retard vun enger Minutt a 36 Sekonnen.

De Peloton mat de Favoritten huet et um Sonndeg méi roueg ugoe gelooss a koum mat engem Retard vu 6 Minutten a 7 Sekonnen op de Vainqueur un. Am General gouf et op de viischte Positiounen keng Changementer. Och an den anere Wäertunge gouf et un der Spëtzt keng Ännerungen.

De Resumé vun der Etapp

Och wann et eng sougenannten Iwwergangsetapp war, ass op der 15. Etapp nees vun Ufank un ganz séier Course gefuer ginn. Et goufe vill Attacken, déi de Peloton awer ëmmer nees agefaangen huet. Den Tempo ass bis op déi éischt Sprintwäertung ronn 109 Kilometer viru Schluss héich gehale ginn. Ganz am Ufank vun der Etapp gouf et eng Schrecksekonn fir de Vingegaard an de Lipowitz, déi no enger Chute vum Alaphilippe opgehale goufen an an en 2. Peloton zréckgefall sinn. De Pogacar huet awer déi zwee gewaart, esou datt déi Chute keng grouss Konsequenzen hat.

Nom Tëschesprint, dee vum Mathieu van der Poel gewonne gouf stoungen dräi Bierger mat Biergwäertungen um Programm. Zwee méi klenger vun der 3. Kategorie an ee méi schwéieren vun der 2. Kategorie. An deene Bierger gouf et ëmmer nees kleng Attacken, zu dem Ament waren mam Wellens, Storer, Simmons, Campenaerts, Barguil, Rodriguez, Lutsenko, Leknessund a Powless nach 9 Coureuren vir dobäi. Hannendru huet sech virum Peloton mat de Favoritten nach en zweete méi grousse Grupp forméiert, déi awer net ganz no vir koumen. D'Entente ganz vir war net gutt, et gouf och hei ëmmer nees Attacken vun de Coureuren am Spëtzegrupp. De Peloton mat de Favoritten huet den Tempo erausgeholl an huet sech domadder offonnt, datt de Vainqueur aus dem Spëtzegrupp géing kommen.

De Wellens huet sech 43 Kilometer viru Schluss mat enger secker Acceleratioun ofgesat an huet säi Virsprong bis op d'Arrivée weider ausgebaut. D'Entente bei de Nofollger war och no der Attack vum Wellens net gutt, esou datt si net méi un de Wellens erukomm sinn. De Belsche Champion konnt domadder déi 15. Etapp gewannen. Op déi 2. Plaz koum de Campenaerts, dee sech bei de Verfollger nach liicht ofgesat hat. Hien hat e Retard vun enger Minutt an 28 Sekonnen. Hannendru gouf et e Sprint aus engem klenge Grupp ëm déi 3. Plaz. Do hat den Alaphilippe d'Nues vir. De Peloton mat de Favoritten ass 6 Minutten a 7 Sekonnen hannert dem Vainqueur iwwer d'Arrivée gefuer.

Am General gouf et keng gréisser Changementer un der Spëtzt.

Tour de France: 15. Etapp (Replay)
Tim Wellens setzt sech en solitaire duerch.

D'Klassementer vun der Etapp an de General