Dominanz vum Tadej Pogacar
E Sonndegowend ass zu Paräis déi 112. Editioun vum Tour de France op en Enn gaangen.
Ganz uewen um Podium an der franséischer Haaptstad stoung den Tadej Pogacar. De Sloween konnt sech fir déi 4. Kéier d’Schlussvictoire am General sécheren an huet d’Grande Boucle dëst Joer rëm komplett dominéiert.
Mat enger Avance vu 4 Minutten a 24 Sekonnen op den Dän Jonas Vingegaard konnt sech den Tadej Pogacar zu Paräis feiere loossen. Komplettéiert gouf de Podium vum Däitsche Florian Lipowitz. Nieft dem General huet den Tadej Pogacar och 4 Etappe gewonnen an huet sech d’Schlussvictoire duerch seng impressionant Aart a Weis och verdéngt.
Den RTL-Cyclissem-Expert Kim Kirchen: "Et ass keng Iwwerraschung fir vill Leit. De Pogacar op der éischter an de Vingegaard op der zweeter Plaz, dat konnt een e bësse virausgesinn. Mee wann ee bedenkt, wat fir eng Aarbecht dat ass fir dohinner, wéi vill Nervositéit do ass, wéi vill Leit ronderëm musse fonctionéieren, iwwer Coequipiere bis zum Staff."
Festhale kann een am Endeffekt, datt de Primoz Roglic mat senge 35 Joer deen eenzege Coureur an den Top 10 vum General ass, dee méi al wéi 30 Joer ass. Donieft kann ee constatéieren, datt dës Editioun vun der Grande Boucle ënner anerem och vum Parcours hier richteg schwéier war.
"Et ass vun Ufank u séier fortgaangen. Et huet laang gedauert, bis Echappéeën entstane sinn. Et goufen héich Vitessen an dann déi lescht Woch koum d'Wieder nach mat dobäi. Et goung Schlag op Schlag an et krut keen eppes geschenkt. Op all Etapp huet sech dee Stäerksten duerchgesat. Dat war fir mech impressionnant. Et war een Tour, dee fir mech e bësse rausstécht par Rapport zu deene leschte Joren."
Ënner anerem d’Arrivéeën zu Hautacam, um Mont Ventoux oder och erop Richtung Courchevel bleiwe sécherlech vun dësem Tour hänken. Mee och déi lescht Etapp e Sonndeg, wou et zu Paräis nach dräimol d’Côté vu Montmartre eropgaangen ass, war speziell.
"Déi lescht Etapp war schonn aussergewéinlech, och wann d'Zäite fir d'Generalklassement fixéiert waren. Dat ass natierlech och dat Lescht, wat hänke bleift, mee et goufe wierklech vill Etappen, déi super interessant a spannend waren."
De grousse Vainqueur vun dësem Tour war den Tadej Pogacar. Mat senge 4 Schlussvictoiren am General ass hie mam Chris Froome am All-Time-Ranking gläich gezunn. De Sloween hëlt d’nächst Joer sécherlech de Rekord vun Indurain, Hinault, Merckx an Anquetil mat 5 Schlussvictoiren an der Grande Boucle an d’Viséier.