Jasper Philipsen setzt sech am Massesprint duerch – Vingegaard baut Féierung aus

© Photo by Miguel RIOPA / AFP
E Freideg sollt nees en Dag fir d'Sprinter ginn. Et goung iwwer relativ flaach 161,9 Kilometer vu Rueda op Guijuelo.
Déi 19. Etapp vun der Vuelta a España 2025 war eng klassesch Etapp fir d'Sprinter mat engem flaache Profil iwwer 161,9 Kilometer vun Rueda op Guijuelo. Wéi erwaart, gouf d’Etapp an engem Massesprint entscheet, bei deem de Jasper Philipsen (Alpecin-Deceuninck) seng drëtt Victoire bei dëser Vuelta gefeiert huet.
De Philipsen war am Zil dee Séierste virum Mads Pedersen (Lidl-Trek) an dem Orluis Aular (Movistar). D’Etapp war gréisstendeels kontrolléiert, mat enger kuerzer Echappée vum Otruba, déi awer 45 km virum Zil ageholl gouf.
Den Jonas Vingegaard (Visma-Lease a Bike) huet seng roude Maillot net nëmmen verdeedegt, mee konnt am Sprint intermediaire zu Salamanca véier Sekonnen Bonifikatioun sammellen. Domat huet hie seng Avance op den João Almeida op 44 Sekonnen ausgebaut. Drëtten ass den Tom Pitcock op zwou Minutten an 43 Sekonnen.
D'Klassement vun der 19. Etapp
1 Philipsen Jasper Alpecin - Deceuninck 3:50:35
2 Pedersen Mads Lidl - Trek ,,
3 Aular Orluis Movistar Team ,,
4 Biermans Jenthe Arkéa - B&B Hotels ,,
5 Turner Ben INEOS Grenadiers ,,
6 Marit Arne Intermarché - Wanty ,,
7 Christen Fabio Q36.5 Pro Cycling Team ,,
8 Vernon Ethan Israel - Premier Tech ,,
9 Gruel Thibaud Groupama - FDJ ,,
10 Labrosse Jordan Decathlon AG2R La Mondiale Team ,,
...
92 Jungels Bob INEOS Grenadiers 1:08
D'Generalsklassement no der 19. Etapp
1Vingegaard Jonas – Team Visma | Lease a Bike 3 68:57:44
2 Almeida João – UAE Team Emirates +0:44
3 Pidcock Thomas – Q36.5 Pro Cycling Team +2:23
4 Hindley Jai – Red Bull - BORA - hansgrohe +3:22
5 Pellizzari Giulio – Red Bull - BORA - hansgrohe +4:23
6 Riccitello Matthew – Israel - Premier Tech +5:21
7 Gall Felix – Decathlon AG2R La Mondiale Team +5:24
8 Kuss Sepp – Team Visma | Lease a Bike +7:30
9 Træen Torstein – Bahrain - Victorious +7:46
10 Jorgenson Matteo – Team Visma | Lease a Bike +10:21
...
46 Jungels Bob INEOS Grenadiers 1:50:19