
Dës Woch ass de Bob Jungels den Invité vum Jeff Kettenmeyer a Rich Simon am Podcast „Drëtt Hallschent“.
De Lëtzebuerger Vëlosprofi schwätzt iwwert eng sportlech komplizéiert Saison, seng Gespréicher iwwert een neie Kontrakt a seng Zukunft bei AG2R.
Donieft geet et och ëm déi nei jonk Staren am Vëlossport an den Ëmgang ënnereneen am Peloton.
De komplette Podcast fannt Dir och op Spotify an iTunes.
All Méindeg gëtt et eng nei Episod mat Invitéen aus der nationaler an internationaler Sportswelt.
Episod 1 mam Laurent Schwartz iwwer BasketEpisod 2 mam Dany Scholten iwwer HandballEpisod 3 mam Fabio Marochi, dem President vum Progrès Nidderkuer Episod 4 mam Rob Thillens iwwer seng 8 Joer als SportkommissärEpisod 5 mam Dan Maas iwwert d’Organisatioun vun engem WTA-TournoiEpisod 6 mam Ralph Diseviscourt iwwert säi 24-Stonne-WeltrekordEpisod 7 mam Dylan Pereira iwwert seng Saison am Porsche SupercupEpisod 8 mam Christian Wolfers iwwert de Motorsport
