An eisem Podcast "Drëtt Hallschent - De Sport-Talk" ass dës Woch den Handballspiller Raphael Guden beim Sam Rickal op Besuch.

"De Championstitel mam HC Bierchem ass bis ewell dat Gréisst, wat ech a menger Karriär erlieft hunn."

Den 23 Joer ale Réckraumspiller vun de Réiserbänner ass no senger Statioun bei der TuS Dansenberg an der drëtter däitscher Liga zanter Ufank 2022 nees zeréck bei sengem Jugendveräin. Viru Kuerzem huet den Nationalspiller eng weider Offer aus Däitschland krit. Um Enn huet hie sech awer decidéiert fir weider beim HCB ze bleiwen. Donieft war awer och rieds vun der Nationalekipp an der Entwécklung vum Lëtzebuerger Handball am Allgemengen.

De ganze Podcast kënnt Dir wéi gewinnt op RTL Play lauschteren.