Dës Woch geet et am Podcast Drëtt Hallschent ënnert anerem ëm d'Karriär vum Cyclist Alex Kirsch.

Den Alex Kirsch ass dës Woch den Invité an der "Drëtter Hallschent". Am Gespréich mam Rich Simon, kuckt den 32 Joer ale Coureur zeréck op déi leschte Joren a wéi de Cyclissem sech verännert huet. Hie schwätzt iwwer seng Roll an der Ekipp a wéi hie sech mam Mads Pedersen versteet. An och d'Sécherheet am Peloton ass een Thema.

Podcast Drëtt Hallschent Episod 164: Alex Kirsch

Déi ganz Episod vum Podcast "Drëtt Hallschent" fannt Dir wéi gewinnt op RTL Play.