De "RafaMonteiro09" an den "ivanilsonlpvm" hu sech am Spëtzematch mat 4-4 getrennt.

Déi komplett Tabell a Resultater fannt dir hei!

De “ShadooW” vum Progrès Niederkorn huet seng 3 Matcher och op dësem Spilldag erëm alleguerte gewonnen, mat ënnert anerem enger Victoire géint den “Louislux8”.
 
Den “danieq” huet sech duerch e Win géint den “xfabinhoo_” an den Top 8 positionéiert an ass domadder laanscht den “xfabinhoo_” gezunn.

Hei d'Resultater vun de 4 Matcher am Stream:

Match 1: Danieq (Racing Troisvierges) vs xfabinhoo_ (Jeunesse Esch) 6:3
Match 2: ShadowClaw (US Hostert) vs Lastking (CS Sanem) 7:8
Match 3: Minivildand (Una Strassen) vs zkingBarcazZ (FC Mamer 32) 10:5
Match 4: Ivanilsonlpvm (Atert Bissen) vs RafaMonteiro09 (F91 Dudelange Apogee) 4:4
 
Den nächste Spilldag ass de 26. Mäerz a gëtt erëm vun 19 Auer live ob Twitch iwwerdroen.

Déi lescht Spilldeeg verpasst? Kee Stress, hei gëtt et de Replay vun alle Spilldeeg!