Tango VR Cup
Déi 8 beschte Ekippen aus der VR League sti sech e Sonndeg géigeniwwer

Hei wäerte sech dann an der elo schonn 2. Saison d'Ekippen op 200 Quadratmeter zu Miersch bei Zero Latency Luxembourg géinteneen bei "Sol Raiders" moossen.
Hei ass et de Spiller jo méiglech sech iwwer VR fräi ze beweegen a komplett an eng virtuell Welt anzedauchen. No intensive Matcher hu sech schlussendlech 8 Ekippen fir den Tango VR Cup qualifizéiert, deen e Sonndeg 16. Juni 2024 wäert sinn, dat mat engem éischte Präis an Héicht vun 3.000 Euro.
Fir déi, déi net live kënne beim Event zu Miersch dobäi sinn, kënne sech d'Finall och um Twitch-Kanal vu VR_league_worlds ukucken. Weider Informatiounen, Statistiken, an Detailer fannt der op der offizieller Homepage.
Am meeschte gelies