Et sinn ëmmer nees schéi Geschichten, wa bekannte Perséinlechkeeten mol net erkannt ginn.

Esou goung et och elo dem Sebastian Vettel, wéi hien nom Kanada Grand-Prix um Fluchhafen vun engem Polizist ugesprach a gefrot gouf, wisou hien dann a Kanada gewiescht wier.

Doropshin huet de Vettel geäntwert, dass hien op der Formel 1-Course war. Op Nofro hin, ob en dann och gutt Sëtzplazen gehat hätt, huet de 4-fachen Formel 1-Weltmeeschter geäntwert, et wier eigentlech nëmmen eng Plaz gewiescht, mee déi "war ganz ok"!

Normal ass och, dass de Sebastian Vettel mat gudder Laun aus Kanada ofgereest ass, dee jo bekanntlech nom Grand-Prix neie Leader am General ass.