Ferrari dominéiert Qualifying - Leclerc viru Vettel an Hamilton
E Samschdeg de Mëtteg war de Qualifying zu Spa-Francorchamps, wou sech de Charles Leclerc sech d'Pole Position séchere konnt.
Am 1. Qualifying huet Ferrari direkt gewisen, dass e Samschdeg mat hinnen ze rechne war. Si haten hei déi zwou bescht Zäiten. Net esou gutt ass et do gelaf fir de Robert Kubica, den George Russell, den Danyl Kvyat, de Carlos Sainz Jr an de Pierre Gasly, well fir déi war no 15 Minutte Schluss a si sinn net an de Q2 komm.
Och am Q2 war Ferrari net ze schloen an esou hu si et labber an de Q3 gepackt. Net méi am Kampf ëm d'Pole Position waren nom Q2 den Alexander Albon, den Antonio Giovinazzi, de Lance Stroll, de Lando Norris an de Romain Grosjean.
Am Q3 ass et dunn ëm d'Pole Position gaangen an do war et de Leclerc, deen déi éischt richteg gutt Zäit realiséiere konnt. Hie selwer konnt dës nach eemol verbesseren, ma vu senge Konkurrente sollt kee méi do erukommen, esou dass hie sech d'Pole séchere konnt, dat viru sengem Teamkomerod, dem Sebastian Vettel. Déi drëtte Plaz ass un de Weltmeeschter Lewis Hamilton gaangen.