D'Formel 1 ass dës Saison esou spannend an ofwiesslungsräich wéi scho laang net méi. Ëmmer nees steet en anere ganz uewen um Podium.

E Sonndeg beim Grousse Präis vu Singapur gouf et no 392 Deeg emol nees e Succès vum Ferrari-Pilot Sebastian Vettel. Bei der Ecurie Renault, wou de Gérard Lopez jo och ee vun de Patronen ass, ass een no 15 Courssen hannert den Erwaardungen.

AUDIO: Gérard Lopez iwwer Renault/Reportage Franky Hippert

De Lëtzebuerger Geschäftsmann hëlt do och kee Blat virun de Mond. Mat der éischter Hallschent vun der Saison, wou déi zwee Piloten Daniel Riccardo an Nico Hülkenberg am Ganze 16 Mol net an de Punkten waren, ass ee bei der franséischer Ecurie net zefridden.

"Et huet op verschiddene Plazen net geklappt, mol d'Aerodynamik, mol beim Boxestopp, mol hunn d'Pilote Feeler gemaach.", esou de Gérard Lopez.

Lo no der Summerpaus geet et bei Renault awer besser. Beim Grousse Präis vun Italien ware Ricciardo an Hülkenberg mat de Plaze 4, respektiv 5 no um Podium drun.

"Zu Spa huet ee scho gesinn, datt een op engem Circuit, wou d'Vitess immens wichteg ass, e grousse Schratt no vir gemaach huet.", betount de Lëtzebuerger.

D'Verbesserunge bei Renault hunn awer och sécherlech domat ze dinn, datt de fréiere Formel-1-Weltmeeschter Alain Prost mëttlerweil méi Responsabilitéit an der Ecurie krut. Eng Decisioun, déi an de leschte Wochen awer och geholl gouf, ass, datt dem 32 Joer alen Hülkenberg säi Kontrakt net verlängert gëtt an d'nächst Saison vum 23 Joer ale Fransous Esteban Ocon ersat gëtt.

De Gérard Lopez erkläert: "2021 ginn et eng Rei technesch Ännerungen an et wollt een e jonke Pilot, dee sech elo scho mam Auto familiariséiert. Et wollt een awer och eng Pilotekoppel wéi bei Ferrari mat engem Routinier an engem séiere Jonken."

E Sonndeg zu Singapur war de Ricciardo nees net an d'Punkte gefuer, den Hülkenberg huet der ëmmerhin nach mat enger 9. Plaz zwee kritt. Lo den nächste Sonndeg ass da schonn de Grousse Präis vu Russland zu Sotschi.

An der Constructeur-WM kënnt Renault no 15 Coursse just op déi 5. Plaz hannert Mercedes, Ferrari, Red Bull a McLaren.