Formel 1
Ferrari bitt Vettel wuel Kontrakt fir 2021, awer manner Suen

D'Formel 1 Saison ass den Ament wéinst dem Coronavirus nach op Äis geluecht ma verschidden Ekippen notzen des Zäit, fir d'Zukunft ze plangen.
Wéi Sky Italia um Méindeg mellt, soll Ferrari gewellt sinn dem Sebastian Vettel säi Kontrakt, deen no dëser Saison ausleeft, nach em ee Joer ze verlängeren, dëst allerdéngs mat däitlech manner Salaire wéi bis elo.
Den 32 Joer ale Vettel fiert zanter 2015 fir "d'Scuderia", huet et allerdéngs bis elo nach net gepackt, fir mat den Italiener Weltmeeschter ze ginn.
Am meeschte gelies