Ferrari presentéiert den neien SF21

© SID/HANDOUT
Den neien Déngschtwon vum Charles Leclerc an dem Carlos Sainz jr. gouf um Mëttwoch presentéiert.
Ferrari hofft mam SF21 nees op d'Erfollegsspuer ze kommen, nodeem d'Scuderia déi leschte Joren net mat Victoiren an Titelen an der Kinneksklass verwinnt war. D'Saison 2020 gouf ee Sechsten am Ekippeklassement, esou schwaach, wéi zanter 40 Joer net méi.
Den SF21 huet awer den Auto vun der leschter Saison als Basis, et huet een awer probéiert, fir en an alle Beräicher ze verbesseren, seet den Teamchef Mattia Binotto.
Grad um Heck vum Auto huet ee vill geschafft, well dat de Problem vum Virgänger SF1000 war. Vun der Faarf ënnerscheet sech den SF21 dann och, deen hanne mam "burgund-rout" ufänkt, wat een aus den Ufankszäite vum Rennstall kennt, a Richtung Front geet e méi an dat modernt an aktuellt Ferrari-Rout.