Hamilton, Verstappen oder awer Leclerc?

© AFP (Archiv)
Et ass déi 5. Ronn an der aktueller Formel-1-Saison. Wie gewënnt beim Grousse Präis vu Monaco den Duell vun de Generatiounen?
De Rekordweltmeeschter Lewis Hamilton oder awer säi groussen Erausfuerderer Max Verstappen? Oder kéint et mam Lokalmatador Charles Leclerc awer en anere Gewënner ginn.
Onméiglech ass et jiddefalls net. Beim zweete Fräien Training war de Monegass nämlech dee Séiersten, dat viru sengem Teamkolleeg Carlos Sainz, den RTL-Formel-1-Expert Serge Pauly: "D’Ferrarien sinn an de Fräien Traininge wierklech séier gewiescht." Awer natierlech däerf een déi zwee aner, de Lewis Hamilton, deen dës Saison elo schonn 3 Coursse gewonnen huet, an de Max Verstappen, deen eemol ganz uewen um Podium stoung, net vergiessen: "Am Qualifying ass Red Bull méi séier. An der Course ass Mercedes da besser, och mat enger staarker Strategieabteilung."
De grousse Präis vu Monaco ass de Grand Prix vun de Widderspréch, seet de Serge Pauly: "Dat fänkt beim Circuit un. Deen naass net gemaach ass fir esou séier Autoen."
Nieft den Indy 500 an de 24 Stonne vu Le Mans gehéiert de Grand Prix vu Monaco zu den 3 prestigiéisten Autoscourssen op der Welt. Vill Geschichte sinn an der Principautéit scho geschriwwen ginn. Wie sech dann an de Palmarès kann aschreiwen, decidéiert sech e Sonndeg de Mëtteg.
Den 3. Fräien Training ass e Samschdeg de Moien. Dee kënnt dir op RTL.lu an um RTL Play suivéieren. De Qualifying ass e Samschdeg de Mëtteg um 15 Auer, an d'Course dann e Sonndeg och ëm déi nämmlecht Auerzäit. Dat Ganzt gëtt op RTL ZWEE an am Stream op RTL.lu an um RTL Play iwwerdroen.