De Berne Ecclestone huet der BBC e Méindeg gemellt, dass de Mosley gestuerwen ass. Hien ass 81 Joer al ginn.

Et wier wéi wann e Familljemember, jo souguer e Brudder gestuerwe wier, esou den 90 Joer alen Ecclestone, dee jo och laangjäreg Formel 1-Promoteur ass.

40 Joer laang hunn hien an de Max Mosley, also 2 Britten, d'Formel 1 gepräägt. Hie selwer war och Autorennfuerer a Matbegrënner vum Formel 1-Team March, vun 1993 bis 2009 war hie President vum Weltverband FIA. De Max Mosley war de Jong vum Oswald Mosley, engem faschistesche Politiker.

RTL

© Will OLIVER / AFP

Zu senge Verdéngschter gehéiert d'Verbesserung vun der Sécherheet an der Formel 1, dat virun allem nom schwaarze Weekend zu Imola am Joer 1994. Hei sinn den Ayrton Senna an de Roland Ratzenberger déidlech verongléckt. De Mosley huet dunn den Teams virgeschriwwen, wéi se hir Autoen zu bauen hunn an huet och eng Partie Rennstrecken entschäerft.

De Max Mosley ass doriwwer eraus als ëmstridde Figur bekannt a vill polariséiert. 2008 huet déi brittesch Boulevardzeitung "News of the World" e Sadomaso-Video gewisen, deen de Mosley mat 5 Prostituéierter weist , déi all Nazi-Uniformen unhaten. Als Konsequenz koume laang juristesch Ausernanersetzunge mat der Zeitung a souguer dem Online-Gigant Google.