Um Circuit Paul Ricard huet de Verstappen den Hamilton an der zweetleschter Ronn konnten iwwerhuelen a gewënnt virum Mercedes-Pilot an dem Sergio Perez.

Um Circuit Paul Ricard zu Le Castellet ass d'Course fir den 1. aus dem Qualifying Max Verstappen alles anescht wéi gutt lassgaangen. No engem Verbremser ass de Red-Bull-Pilot liicht vun der Streck ofkomm an esou konnt de Lewis Hamilton laanscht den Hollänner zéien.

Verstappen Verbremser

An der Suite huet sech d'Course neutraliséiert an den Hamilton huet d'Course vun der Spëtzt aus kontrolléiert. Nodeems d'Pneue bei quasi alle Piloten du staark ofgebaut hunn, ass et zu deenen éischte Boxenstopps komm. An hei ass de Verstappen 1 Ronn éischter an d'Box komm wéi de Mercedes-Pilot a konnt sech sou déi 1. Plaz zeréck erkämpfen. Op der 3. Plaz louch de Valtteri Bottas. De Verstappen huet sech aneschters wéi déi zwee Mercedes-Fuerer nach emol entscheet, nei Pneuen an d'Box sichen ze goen, an huet esou an de leschte Ronne béid Mercedes-Piloten attackéiert.

An d'Taktik vu Red Bull sollt um Enn opgoen. Den Hollänner konnt sech an de Schlussronne souwuel de Valtteri Bottas wéi och de Lewis Hamilton kropen a gewënnt domat de Grousse Präis vu Frankräich.

Domat bleift de Max Verstappen 1. am General mat 131 Punkten. 12 Punkten hannendru läit de Lewis Hamilton (119).

Top 10