De Grousse Präis vun der Tierkei ass elo fir de Weekend vum 3. Oktober programméiert.

Am Formel-1-Kalenner ersetzt Istanbul d'Course zu Singapur. Singapur war duerch d'Areesrestriktiounen am Kontext vun de Covid-Mesuren ofgesot ginn.

D'Course zu Istanbul ass elo eng Woch nom Grousse Präis vu Russland an eng Woch virum Grand Prix a Japan.