Gëtt et beim Grousse Präis vun Éisträich zu Spielberg déi 5. Victoire hannertenee fir Red Bull an ass Mercedes an der Kris?

Dat sinn déi Froen, déi sech am Virfeld vun der drëtter Formel-1-Course an Zäit vun 3 Woche stellen. Eent ass sécher, de Momentum ass ganz kloer op der Säit vum WM-Leader Max Verstappen aus Holland a senger Ecurie.

Formel 1/Reportage Rich Simon

Monaco, Baku, Le Castellet an d'lescht Woch och déi éischt vun zwou Courssen zu Spielberg. 3 Mol stoung de Max Verstappen ganz uewen um Podium an zu Baku säin Equipier bei Red Bull, de Mexikaner Sergio Perez. Den RTL-Formel-1-Expert Serge Pauly géif net vun enger Kris bei Mercedes mam Rekordweltmeeschter Lewis Hamilton schwätzen, eent ass awer sécher: "Mercedes huet 4 Courssen net gewonnen, déi éischte Kéier iwwerhaapt an der Hybrid-Era."

Red Bull véier Courssen hannertenee gewonnen, déi éischte Kéier zënter 2013.

Frankräich war nach eng Mercedes-Streck, do waren déi zwee Top-Teams op Aenhéicht, Red Bull huet do virun allem iwwert d'Strategie gewonnen. Spielberg ass Red Bull definitiv méi séier. 2,5 Honnertstel, virun allem op der Ligne Droite.

Fir den zweete Rendezvous zu Spielberg huet Pirelli dëse Weekend eng aner Mëschung, déi mëllsten, matbruecht.

"De Verstappen-Burn, et sinn net déi Biller, déi déi politesch korrekt FIA gesi wëllt, mä hey, et gehéiert dozou an en huet keen a Gefor bruecht. Wou et bedenklech gëtt: Boxestopp-Reegelen. Et ass fir mech en Agrëff an de Wettbewerb, Virwand Sécherheet. Boxestopps si sécher."

Et ass déi spannendst Saison zanter laangem. An de leschte Courssen huet d'FIA, déi international Automobilsportfederatioun et awer fäerdegbruecht, onnéideg Diskussiounen lasszetrëppelen, seet de Serge Pauly.

"Elo sinn d'Pneuen eng Nuance méi mëll, déi mëllste Pneuen, déi et iwwerhaapt ginn. Et geet Richtung Zwee-Stop-Strategie, a jee no Temperatur géif ech drop tippen, dass vun deene mëlle Pneuen, dann awer déi häertste Mëschunge geholl ginn. Mä vill méi wichteg: bei enger Zwee-Stopp-Course: méi Variatioun bei de Strategien."

De Max Verstappen huet d'Course virun 8 Deeg um nämmlechte Circuit dominéiert. Am Weltmeeschterschaftsklassement huet den Hollänner elo 18 Punkten Avance op den Zweeten, de Lewis Hamilton. An der aktueller Form sinn d'Chancë jiddwerfalls grouss, datt de Mad Max seng Avance op de 7-fache Weltmeeschter ausbaut.