Weider Pole fir de Max Verstappen

© AFP
Op de Plazen 2 an 3 stinn de Lando Norris an de Sergio Perez. Den Hamilton koum um Enn just op déi 4. Positioun virum Valtteri Bottas.
Bei der Qualifikatioun vum grousse Präis vun Éisträich zu Spielberg stoung am Virfeld op en Neits den Duell tëscht dem Leader am General, dem Max Verstappen, an dem Weltmeeschter Lewis Hamilton am Mëttelpunkt. Am drëtte fräien Training konnt een allerdéngs ewell eng kleng Tendenz zu Gonschte vum Hollänner Verstappen ausmaachen, hie louch hei mat enger hallwer Sekonn Avance un der Spëtzt.
No senger Victoire um leschte Weekend wollt de Verstappen am Qualifying op en neits eng gutt Ausgangspositioun fir d'Course um Sonndeg erausfueren. Dëst war dem Mann vu Red Bull och gelongen a sou konnt hie sech op en Neits d'Pole sécheren. Zweete gouf de Lando Norris virum Sergio Perez. De Rekordweltmeeschter Lewis Hamilton koum am Qualifying um Enn just op déi 4. Plaz.
Iwwerraschend konnt den George Russell op sengem Williams de Sprong an Top 10 realiséieren.
Eng Enttäuschung gouf et dogéint fir Ferrari, bei deenen esouwuel de Charles Leclerc ewéi och de Carlos Sainz de Sprong an de Q3 verpasst haten a vun de Positiounen 11 an 12 an d'Course goe wäerten.
D'Course vum grousse Präis vun Éisträich kënnt Dir e Sonndeg vu 14:20 Auer un am Livestream op RTL.lu an um RTL Play suivéieren.