Grousse Präis vun Australien gëtt net gefuer, nawell wëll een 23 Coursse fueren

Wéinst der Coronapandemie wäert och dëst Joer de Grousse Präis vun Australien ausfalen.
Déi traditionell Optaktscourse war jo schonns vum Mäerz an den November verluecht ginn. En Dënschdeg koum dunn awer d'Nouvelle, datt se guer net gefuer gëtt. Als Grond nennt een d'Restriktiounen a logistesch Erausfuerderungen am Zesummenhang mat der Coronakris.
Nawell soll d'Saison wéi geplangt mat 23 Courssen op en Enn goen. "Obwuel et enttäuschend ass, dass mir dës Saison net an Australien fuere wäerten, si mer zouversiichtlech, datt mir 2021 eng Saison mat 23 Coursse bidde kënnen.", esou de Stefano Domenicali, de President a CEO vun der Formel 1. Et géif eng Rei Optioune ginn, fir d'Plaz ze ersetzen, an de kommende Woche géing eng Decisioun geholl ginn, esou den Domenicali.
Schonns d'lescht Saison war d'Course an Australien ofgesot ginn. "Et ass eng grouss Enttäuschung fir all Fuerer, datt mir am November net an Australien kommen, mee mir verstinn d'Grënn.", esou den australesche McLaren-Pilot Daniel Ricciardo.
Déi streng Areesbestëmmungen an d'Quarantän vun zwou Woche waren een Haaptgrond fir d'Ofso.
De Grousse Präis vun Australien sollt den 21. November gefuer ginn, och déi geplangte Course vun der MotoGP Enn Oktober gouf ofgesot.