Neie Format vun der Formel 1 gëtt zu Silverstone getest

© AFP
Fir eng éischte Kéier gëtt et e Freideg eng Qualifikatioun, e Samschdeg e Sprint an e Sonndeg dann de Grand Prix.
Et ass en historesche Weekend beim Grousse Präis vu Groussbritannien, genee wéi virun 71 Joer, wéi deemools, déi éischte Manche iwwerhaapt vun der Formel-1-Weltmeeschterschaft zu Silverstone gefuer gouf. "Méi Spannung a méi Spektakel", dat versprieche sech déi Responsabel vun der Formel 1, mat deem neie Format, dat vun e Freideg bis e Sonndeg beim Grand Prix an England getest gëtt, dozou den RTL Formel-1-Expert Serge Pauly:
Am Quali, dee mir (e Freideg) den Owend um 19 live op RTL ZWEE weisen, sinn nëmme Soft-Pneuen erlaabt, do geet et wierklech ëm déi absolut séierst Ronn, ouni Taktik. Do decidéiert sech d’Startopstellung vum Sprint.
De Sprint ass eng Mini-Course, déi wäert esou eng hallef Stonn daueren, et ass kee Boxestopp virgeschriwwen, also och hei keng Taktik, einfach nëmme Gas, op der Piste iwwerhuelen, e bëssen d’Pneue geréieren. Déi dräi Éischt kréie Punkten an d’Resultat vum Sprint ass dann d’Startopstellung fir de Grand Prix e Sonndeg.
De Depart vum Grousse Präis ass dann e Sonndeg de Mëtteg um 16 Auer. De Virprogramm bei eise Kolleegen vun Tëlee Lëtzebuerg fänkt schonn um 15.20 Auer op RTL Zwee un. E Freideg ass de Qualifying wéi gesot um 19 Auer, och bei eis op der Tëlee. Dëse Weekend gëtt zu Silverstone dann och d'Fro beäntwert, ob den Hollänner Max Verstappen op Red Bull seng Avance am Weltmeeschterschaftsklassement vun 32 Punkte weider kann ausbauen, oder ob de Weltmeeschter Lewis Hamilton aus Groussbritannien a Mercedes kënnen zeréckschloen.