Fir dat zweete Joer hannerenee gëtt kee Grand-Prix a Japan gefuer.

Grond fir dës Mesure soll d'Hausse bei de Coronainfektioune sinn, verursaacht duerch ënner anerem d'Olympesch Summerspiller zu Tokyo.

"No Récksprooch mam Promoteur vun der Course an den Autoritéiten a Japan, huet d'japanesch Regierung decidéiert, datt d'Course a Japan an dëser Saison ausfält.", sou d'Formel 1 an engem Communiqué.

D'Course war fir den 10.Oktober ugesat. Ob de Grand-Prix duerch een aneren ersat gëtt, steet nach net fest.