Opgrond vun de strengen Arees- a Quarantänrestriktioune gouf de Grousse Präis vun Australien fir déi zweete Kéier noeneen ofgesot.

Ursprénglech war d'Course fir den 21. November zu Melbourne ugesat. D'Formel 1 wëll d'nächst Woch een neie Rennkalenner erausginn. Eng offiziell Zouso fir de Katar gëtt et bis dato nach net.

De Losail International Circuit an der Géigend vun Doha huet déi néideg Grad-1-Lizenz fir d'Formel 1 a kéint fir Australien asprangen. Et wier déi éischte Kéier, datt d'Formel 1 ee grousse Präis am Katar géing fueren. Zanter 2004 gëtt all Joer eng MotoGP-Course um Losail International Circuit gefuer.

Eréischt d'lescht Woch gouf de Grousse Präis vu Japan am Oktober ofgesot. Och a Kanada an a Singapur gëtt dëst Joer net gefuer. Ob d'Courssen a Brasilien, Mexiko an an der Tierkei kënne gefuer ginn, bleift och nach ofzewaarden.