An der Formel 1 fiert de Sergio Perez och d'nächst Saison nach un der Säit vum Max Verstappen bei Red Bull.

De Mexikaner krut säi Kontrakt ëm eng Saison verlängert. Et war jo ee Moment spekuléiert ginn, datt de Perez no just engem Joer bei der éisträichesch-brittescher Ecurie säi Cockpit nees kéint verléieren.