D'Summerpaus an der Formel 1 ass eriwwer, den Duell Lewis Hamilton géint Max Verstappen geet awer weider.

No der Vakanz geet et traditionell op Spa, fir de Grousse Präis vun der Belsch. D'Fro, déi sech stellt, ass, kann de Mercedes-Pilot Hamilton seng Avance am Weltmeeschterschaftsklassement ausbauen oder kann de Red-Bull-Pilot Verstappen d'Spëtzt nees iwwerhuelen?

Virschau GP vun der Belsch / Reportage Aileen Lucius

Am Sport gëtt et esou eppes, dat nennt sech Momentum, an dat gëtt et natierlech och an der Formel 1. Et kann do awer och heiansdo ganz séier goen, seet den RTL Formel-1-Commentateur Serge Pauly:

"Um Ufank vun der Saison war de Max Verstappen de Mann vun der Stonn, den Hamilton huet néiergeschloe gewierkt. Spéitstens zu Silverstone huet een awer nees den alen Hamilton gesinn. Et ass wierklech onméiglech virauszesoen, wien dëse Weekend déi besser Kaarten huet."

Déi Fro, déi och ëmmer gär gestallt gëtt, ass, ob et dann elo eng Mercedes- oder awer eng Red-Bull-Streck ass:

"Red Bull hat déi lescht Pole 2011 mam Vettel an déi leschte Victoire war 2014 vum Ricciardo. Mat de laange Ligne droiten kéint ee mengen, et wär éischter eng Mercedes-Streck. Déi Equatioun ass awer dës Saison net méi onbedéngt richteg."

Beim Formel-1-Klassiker an de belschen Ardenne spillt d'Wieder natierlech och ëmmer eng net onwesentlech Roll:

"Alles ass méiglech, vu Sonn iwwer groen Himmel an alle méigleche Variatioune vu Reen."

E Sonndeg gëtt et op jiddwerfalls nees spannend, ob jiddwereen a virun allem déi éischt am WM-Klassement gutt duerch déi éischt Kéier d'la Source kommen. Wann et naass ass, ass dat awer sécherlech net esou evident.

D'Formel 1 kënnt Dir wéi gewinnt de Weekend iwwer nees op RTL ZWEE, am Stream op RTL.lu an um RTL Play live suivéieren.