Neie Renn-Kalenner fir de Rescht vun der Saison

© SID/KENZO TRIBOUILLARD
Mat Bléck op d'Corona-Pandemie huet de Kalenner fir d'Saison 2021 zum Deel missen iwwerschafft ginn.
Déi nei Versioun gesäit 22 Coursse vir amplaz 23. Nom Grousse Präis vun der Belsch, deen dëse Sonndeg ass, stinn deemno nach 10 weider Rendez-vouse fest bis Mëtt Dezember. Dat huet d'Formel 1 e Samschdeg matgedeelt.
D'Courssen an der Tierkei, Mexiko an a Brasilien goufen ëm 1 Woch no hanne verréckelt. Den 21. November soll iwwerdeems eng weider Course gefuer ginn. Hei steet awer nach net déi offiziell Rennstreck fest. Et kéint sinn, dass de Choix op Katar fält.
Am Laf vum Joer huet d'Formel 1 missen d'Grouss Präisser a China, Singapur, Australien, Kanada a Japan ofsoen. Weider Problemer goufen et bei de Courssen an der Tierkei, Mexiko a Brasilien, well dës Länner op der brittescher Rouder Corona-Lëscht stinn. Dëst géing streng Quarantän-Reegele mat sech bréngen, wat schwiereg fir d'Formel 1 ass, well déi meescht Ekippen hire Sëtz an England hunn.