Laang war spekuléiert ginn, wien den Equipiere vum Lewis Hamilton an der neier Saison soll ginn. Sport1 no soll dës Decisioun lo gefall sinn.

De George Russell soll de Valteri Bottas bei Mercedes ersetzen. De 32 Joer ale Finn soll d'Cockpit vu sengem finnesche Compatriote Kimi Räikkönnen bei Alfa Romeo iwwerhuelen.  De Räikkönnen soll no der Saison ophalen.