Eng vun de spannendste Formel-1-Saisonen zanter laangem geet an hir Schlussphas.

Dëse Weekend steet de Grousse Präis vu Mexico City um Programm. 5 Coursse viru Schluss huet den Hollänner Max Verstappen op Red Bull als Leader am Weltmeeschterschaftsklassement 12 Punkten Avance op de Rekordweltmeeschter Lewis Hamilton op Mercedes. Mexiko dierft awer éischter Red Bull entgéint kommen.

Virschau Formel 1 / Reportage Aileen Lucius

Allgemeng gëtt dat esou vun den Experte behaapt. Et ginn dann och e puer Grënn, firwat et beim Grand Prix a Mexiko e Virdeel fir de Verstappen a seng Ecurie gëtt, dozou den RTL-Formel-1-Commentateur Serge Pauly: Well den Honda-Motor mat sengem méi groussen Turbo besser mat der dënner Loft eens gëtt a well de Streckelayout dem RB16B besser läit. Mä wa mir eppes dës Saison geléiert hunn: dat wat um Pabeier steet, ass an der Course net vill wäert. Mercedes war och grousse Favorit zu Austin, mä huet seng Avance am Laf vum Weekend verluer, an um Enn goufe se och nach vun der aggressiver Red-Bull-Strategie um falsche Fouss erwëscht. D’Resultat kenne mir: de grousse Favorit Lewis Hamilton huet sech mat der zweeter Plaz missten zefridde ginn, de Max Verstappen konnt eng Iwwerraschungsvictoire feieren a "big points" sammelen. Wann alles normal leeft, misst den Hollänner effektiv seng Avance zu Mexico City kënnen ausbauen, mä wat ass an dëser Formel-1-Saison schonn normal?

Mexico City läit op 2.285 Meter iwwert dem Mieresspigel, do reagéieren déi sensibel Formel-1-Autoen natierlech anescht wéi dat bei deene meeschte Grand Prixe vun der Saison de Fall ass: D’Loft ass méi dënn, dat heescht et ass einfach manner Loft do. Zu Mexico City sinn dat eng 20 Prozent manner wéi um Niveau vum Mier. Dat huet fir unzefänken Auswierkungen op de Motor. E Saugmotor géif graff gesot 20 Prozent Leeschtung verléieren. Elo hu mir an der Formel 1 awer Turbomotoren, a wann een d’Leeschtung vum Turbo eropschrauwt, kann deen de Loftverloscht quasi ausgläichen – virausgesat en ass grouss genuch. Den Honda-Turbo ass relativ grouss, dat heescht dee kann déi méi dënn Loft besser kompenséiere wéi d’Konkurrenz vu Mercedes, deenen hiren Turbo einfach eng Nummer méi kleng ass. Zweetens huet d’Héicht Auswierkungen op d’Aerodynamik. Well manner Loft evakuéiert muss ginn, kënnen d’Teams méi grouss Spoilere fueren, ouni dass dat negativ Auswierkungen op de Loftwidderstand huet. Graff resuméiert: si kënne mam Monaco-Spoiler Monza-Vitesse fueren. Drëtte Punkt: well manner Loft do ass, gëtt déi ganz Mécanique manner gutt gekillt. Et kann een dovunner ausgoen, dass vill Pilote dowéinst Problemer mat de Bremse kréie wäerten.

D'Course ëm d'WM-Kroun bleift spannend. Et bleiwen nach 5 Grand Prixen ze fueren. Am Moment huet de 24 Joer ale Verstappen, 12 Punkten Avance op den 36 Joer alen Hamilton: An nach 133 Punkten ze verdeelen. 125 Punkte fir d’Victoiren, 5 Punkte fir déi séierst Ronnen, an dann nach déi 3 Punkte fir d’Sprint-Victoire a Brasilien. D’Decisioun kann deemno allerfréistens am Katar, bei der drëttleschter Course vun der Saison falen.

Zejoert gouf wéinst der Covid-Pandemie net a Mexiko gefuer. Virun zwou Saisone stoung de Lewis Hamilton, virun engem frenetesche Public, ganz uewen um Podium. Läit de Circuit Mercedes awer?

D'Äntwert kritt Dir och dëse Weekend nees live bei eise Kolleege vun Tëlee Lëtzebuerg op RTL ZWEE. D'Course mam Virprogramm ass e Sonndeg den Owend um 19.30 Auer. De Qualifying ass e Samschdeg den Owend um 21 Auer. D'Fräi Traininge sinn e Freideg all Kéier op RTL.lu an op RTL Play ze gesinn.