Pole Position fir de Valtteri Bottas

© AFP
De Finn Valtteri Bottas op Mercedes séchert sech déi 1. Plaz zu Mexiko. De Lewis Hamilton gëtt 2., de Max Verstappen geet vun der 3. Plaz an d'Course.
D'Qualifikatioun vum Grousse Präis vu Mexico City ass denkbar schlecht ugaangen. Nodeems de Lance Stroll am Q1 Kontroll iwwert säin Auto verluer huet an an d'Leitplank geknuppt ass, misst de Qualifying fir eng länger Zäit ënnerbrach ginn. No ronn 30 Minutten ass et dunn nees weidergaangen. Alonso, Latifi, Schumacher, Masepin an de Stroll hunn de Sprong an de Q2 net gepackt.
Och am Q2 sinn d'Favoritten alleguerten duerchkomm an hu sech am Q3 ëm d'Pole gestridden. Net dobäi bei deene leschten 10 ware Vettel, Räikkönen, Russel, Giovinazzi an Ocon.
Am Q3 ass et dunn zum Showdown tëscht de Favoritte komm. Virun allem Mercedes war am Verglach zum Training richteg séier an huet de Verstappen ënner Drock gesat. Um Enn fiert de Valtteri Bottas op déi 1. Plaz. Et ass seng 19. Pole a senger Karriär. Als Zweete geet e Sonndeg de Lewis Hamilton an d'Course. Op d'Plazen 3 a 4 kommen de Max Verstappen an de Sergio Perez, alle béid op Red Bull.
De Grousse Präis vu Mexico City gëtt e Sonndeg um 20 Auer eiser Zäit a Mexiko gefuer. Vun 19.30 Auer un ass RTL live fir Iech op der Tëlee op RTL ZWEE mat dobäi. D'Course kënnt Dir och am Stream op RTL.lu an um RTL Play live suivéieren.