Lëtzebuerger Schwëmmer
Julien Henx huet original Kombi vu Formel-1-Pilot gewonnen
Sou spannend wéi dëst Joer war et scho laang net méi. Fir déi zweete Kéier an der Geschicht vun der Formel 1 ginn zwee Pilote punktgläich an d‘Finall.
Den Hollänner Max Verstappen an de Mercedes-Pilot Lewis Hamilton wäerte sech dëse Sonndeg zu Abu Dhabi näischt schenken an de grousse Kampf ëm de WM-Titel geet an déi leschte Ronn.
Een, deen dëse Sonndeg ganz bestëmmt virun der Tëlee wäert sëtzen, ass de Lëtzebuerger Schwëmmer Julien Henx. Hien ass grousse Formel-1-Fan an hat d‘Chance, dëst Joer eng Kombi vum Redbull-Pilot bei enger Stee ze gewannen.
Am meeschte gelies