De Showdown an der Formel 1 ass lancéiert.

E Freideg de Moie war schonn den éischte fräien Training an do war de Max Verstappen op Red Bull, virun deenen zwee Mercedes-Pilote Valtteri Bottas a Lewis Hamilton. E Sonndeg ass de Grousse Präis vun Abu Dhabi an do fält dann d'Decisioun op de Verstappen eng éischte Kéier d'WM-Kroun kann opdoen oder ob den Hamilton mat 8 Titelen eleng Rekordweltmeeschter gëtt. Et ass déi éischte Kéier zanter 1974, also 47 Joer, datt zwee Rivalen ëm d'Weltmeeschterschaft punktgläich an déi lescht Course vun der Saison ginn.

Virschau Formel 1 / Reportage Aileen Lucius

Dat war tëscht dem Brasilianer Emerson Fittipaldi an dem Italiener Clay Regazzoni, deemools mam besseren Enn fir de Fittipaldi. Wat elo déi aktuell Situatioun tëscht dem 24 Joer ale Verstappen an dem 36 Joer alen Hamilton ugeet, brauch een elo kee grousse Mathematiker ze sinn, seet de Formel-1-Commentateur Serge Pauly: Et ass eigentlech ganz einfach. Deen, dee méi Punkte kritt, ass Weltmeeschter. Also deen, dee virun deem aneren iwwert d’Arrivée fiert, däerf feieren. Eenzeg Ausnam: Hamilton op 9, Verstappen op 10 plus Bonuspunkt fir séierst Ronn, da wär de Verstappen trotzdeem Weltmeeschter, well si géifen dann allebéid déi nämmlecht Punkte kréien, a bei ex aequo ginn d’Victoirë gekuckt an do ass de Verstappen am Virdeel. Dat gëllt och wa béid keng Punkte kréien (technesch Problemer oder Accident), da wär de Verstappen Weltmeeschter.

Sou wéi een de Max Verstappen kennt an ee virun allem och déi lescht Coursse gesinn huet, wäert de Red-Bull-Pilot voll op Ugrëff fueren: De Verstappen kann am direkten Zweekampf also vill méi Risiko goen, den Hamilton huet vill méi ze verléieren. Ech mengen net, dass den Hollänner säi Géigner express ofschéisse géif, mä mir hunn zu Jeddah gesinn, wéi aggressiv de Verstappen ënnerwee war. Seng extrem Risikobereetschaft war net ze iwwersinn an do hänkt eng Kollisioun natierlech an der Loft.

An dofir huet de Renndirekter Michael Masi a sengen Notte virun der Course och scho virgesuergt, dozou de Serge Pauly: De Michael Masi léisst do duerchblécken, dass hien et net akzeptéiere géif, wann d’WM duerch eng Kollisioun decidéiert gëtt. Weder duerch déi zwee Kontrahente selwer oder duerch aner Teammemberen. Viséiert sinn do natierlech och d’Teamkolleegen. De Michael Masi géif net zécken, esouguer Punkten ofzezéien, fir d’Resultat ze korrigéieren.

Et ass schonn déi ganz Saison en Duell vun de Generatiounen, deen elektriséiert. E Sonndeg ass et dann d'Apotheose tëscht dem Max Verstappen an dem Lewis Hamilton.

An déi grouss Finall vun der Formel-1-Saison kënnt der natierlech nees live bei eise Kolleege vun Tëlee Lëtzebuerg op RTL ZWEE suivéieren. De Grand Prix mat eisem Virprogramm fänkt e Sonndeg um 13.20 Auer un. Dat Ganzt ass och live op RTL.lu an op RTL Play ze gesinn.

Direkt no der Course e Sonndeg weise mir e grousse Réckbléck op d’Saison 2021. Erlieft den Duell tëschent dem Lewis Hamilton an dem Max Verstappen nach emol hautno.

Maacht mat bei eiser Ëmfro