Den Nicholas Latifi huet no der leschter Course vun der Saison zu Abu Dhabi wéinst sengem spéiden Accident an de Suitten dovunner Mordmenacë kritt.

De kanadesche Formel-1-Pilot hat 5 Ronne viru Schluss en Accident an huet eng Safety-Car-Phas ausgeléist, déi et dem Max Verstappen erméiglecht huet, de WM-Titel ze gewannen.

"Nodeems d'Course eriwwer war, wousst ech, wéi sech d'Saachen an de soziale Medie géingen entwéckelen", huet de Latifi geschriwwen. De 26 Joer ale Kanadier hat esouguer iwwerluecht, säin Twitter an Instagram ze läschen.

Nawell war hie schockéiert vum extremen Haass, de Beleidegungen an de Mordmenacen, déi hie kritt hutt. Och Mënschen, déi dem Latifi nostinn, si menacéiert ginn.