Lewis Hamilton: "Ech war fort. Elo sinn ech nees do"

© AFP (Archiv)
Mat dësem Statement huet de Formel-1-Rekordweltmeeschter Lewis Hamilton sech e Samschdeg op Instagram zeréckgemellt.
No der sauerer Defaite beim leschte Grand Prix vun der Saison zu Abu Dhabi géint den neie Weltmeeschter Max Verstappen war de 37 Joer ale Britt elo wärend ronn 50 Deeg quasi vun der Bildfläch verschwonnen. Mat senger Noriicht e Samschdeg gesäit et op jiddwerfalls esou aus, wéi wann de Mercedes-Pilot emol nach eng Saison géif weidermaachen.
An de leschte Woche war jo vill driwwer spekuléiert ginn, ob den Hamilton, nodeems wat bei der leschter Course geschitt war, e Schlussstréch ënnert seng Karriär géif zeien oder net.
Och dës Saison, déi den 20. Mäerz mam Grousse Präis vu Bahrain ufänkt, kënnt Dir nees live bei eise Kolleege vun Tëlee Lëtzebuerg op RTL ZWEE kucken. Dat Ganzt, mat och de fräien Trainingen, gëtt et natierlech och bei eis um Internet op RTL.lu an op RTL Play.