McLaren F1 Team huet als 4. Ecurie vun der Kinneksklass vum Motorsport hiren Auto zu Woking an der Fabrick presentéiert.

Den neie Formel-1-Auto vum Lando Norris an Daniel Ricciardo gouf op den Numm MCL36 gedeeft.

Opfälleg sinn déi nei Faarwen um Auto, woubäi déi Orange (Papaya-Design) markant bleift, mee dat Däischterblot duerch hellt Blo ersat gouf. Wéi Aston Martin, huet och McLaren en "echten" Auto presentéiert. Allerdéngs ass och dësen MCL36 deen éischte Worf vun McLaren, deen zu Woking vum Band gelaf ass. Bis zum Saisonsoptakt am Bahrain wäert et awer nach zu aerodynameschen Ännerunge kommen.

Eng weider Nouvelle koum am Laf vun der Woch. De Lando Norris huet säi Kontrakt fréizäiteg bis 2025 verlängert. Den Daniel Ricciardo sëtzt beim britteschen Traditiounsteam op d'mannst bis 2023 am Auto.

McLaren koum lescht Saison an der Konstrukteursweltmeeschterschaft op déi 4. Plaz mat 275 Punkten. Dat beschte Resultat war eng duebel Victoire beim Grousse Präis vun Italien zu Monza.